jobs.lu

 
Unternehmen Sales-Lentz Autocars S.A   Unser Profil lesen
Adresse: ZAE Robert Steichen 4, rue Laangwiss L-4940 Bascharage, Luxemburg  
Tel.: (+352) 2 36 26 - 1
Fax: (+352) 2 36 26 - 444
Website:
Mataarbechter an der Dispositioun (m/w)


Sales-Lentz
sicht fir seng Zentral zu Käerjeng 



Mataarbechter an der Dispositioun

(m/w, CDI-Kontrakt)

fir d’Verstäerkung vu sengem Service de Permanence 24h/24h.


Är Missioun: 

Am Wiesselschichtbetrib iwwerwaacht Dir de komplette Busbetrib vum Grupp Sales-Lentz a sidd eegeverantwortlech zoustänneg bei Onregelméissegkeeten am deegleche Betrib (Ersatz vu Gefierer bei Pannen, Ëmleede bei Stau, kuerzfristeg Nei-Dispositioun vu Chauffere bei Krankeschäiner) sënnvoll a richteg Entscheedungen ze treffen.


An Ärer Funktioun si Dir:

  • éischten Uspriechpartner fir d’Chaufferen
  • éischten Uspriechpartner fir d’Clienten an zoustänneg fir d’Ophuele vu Reklamatiounen
  • d’Bindeglied tëscht Atelier an Dispositioun


Viraussetzung fir dëse Posten sinn:

  • Ganz gutt Sproochkenntnisser am Lëtzebuergeschen, Däitschen an am Franséischen
  • Héiflechkeet um Telefon an am direkte Kontakt mat Leit
  • Exzellente Sënn fir Analys, Koordinatioun an Organisatioun, a keng Angscht, schnell a richteg Entscheedungen ze treffen, och a schwierege Situatiounen
  • Bereetschaft am Schichtbetrib ze schaffen, reegelméisseg 
  • och de Weekend a Feierdeeg
  • Gutt geografesch Kenntnisser vun Uertschaften a Stroossennetz zu Lëtzebuerg
  • Héich Affinitéit sech an nei an onbekannte Software eranzeschaffen
  • absolut Teamfähegkeet
  • All berufflech Erfahrung am Beräich Transport vu Persounen oder Wueren ass vu Virdeel.


Interesséiert?
 

Dir hutt minimum eng Première oder Treizième mat Ofschloss a sidd un dësem Posten a sengen Erausfuerderungen interesséiert?

Da schéckt eis Ären CV mat enger Foto an engem Bréif un:

Sales-Lentz Group
Service Recrutement
BP 39 L-4901 Bascharage

oder per iwwert jobs.lu
   

Standort   Käerjeng
Gehalt Net uginn
Kategorie Callcenter / Kundendienst, Sekretariat / Verwaltung / Sachbearbeitung, Reise / Touristik
Bedingungen Unbefristet, Vollzeit
Zuletzt aktualisiert 19.05.2017

Bewerben Sie sich für diesen Job

Login , um Ihre gespeicherten Lebensläufe und Anschreiben zu verwenden
oder Registrieren und speichern Sie Ihren Lebenslauf für Ihre zukünftigen Bewerbungen
(Tipp: Geben Sie Ihre relevante Berufserfahrung, Ihre Verfügbarkeit und den Status Ihrer Arbeitserlaubnis an) Mehr…
Bewerbungsschreiben
Name
Telefon
E-Mail
Lebenslauf (Der Dateianhang sollte nicht größer als 2 MB sein)
 


Andere Stellenangebote dieses Arbeitgebers
Datum Titel Standort Auswahlliste
22.05.2017 Responsable immeubles (h/f) Bascharage